Speakeasy Podcast
- Autor: Vários
- Narrador: Vários
- Editora: Podcast
- Duração: 98:20:03
- Mais informações
Informações:
Sinopse
Podcast by Speakeasy
Episódios
-
Pandemie, fake news an d'Presse
24/01/2022 Duração: 41minLügenpresse, am Déngscht vun der Diktatur, Propaganda-Apparat…der Presse gëtt villes virgeworf. An an der Pandemie ass de Phänomen just nach méi intensiv ginn. Wéi erlieft d’Presse déi Situatioun? A wouhier weess ech, dass ech der Presse trauen kann? E Gespréich iwwert fake news a Journalismus an enger Pandemie mam Jean-Claude Franck (Chefredakter vum 100,7) a mam Guy Weber (Informationsdirekter vun RTL)
-
Wat däerf e Journalist soen?
10/01/2022 Duração: 40minMuss d'Presse neutral sinn, oder méi pädagogesch? Däerf se parteiesch berichten? Däerf se pejorativ Ausdréck benotzen? Ech hu mam Petz Bartz iwwert d'Neutralitéit vun der Presse geschwat.
-
Interview Simone Beissel - Part 3
27/12/2021 Duração: 13minOfschléissend zu mengem Gespréich mam Simone Beissel diskutéieren mer och d’Fro: Hätt een d’Verfassungsreform net missten dem Vollek via Referendum ënnerbreeden? D'Säit vun der Chambre zur Verfassungsreform: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Constitution
-
Interview Simone Beissel - Part 2
27/12/2021 Duração: 37minAn dëser Episod diskutéieren ech mam Simone Beissel, co-rapportrice vun der Verfassungsreform, iwwert bestëmmten Artikelen vun der Verfassungsrevisioun, z.B. zur Unitéit vum Land, den nationale Symboler, der Reliounsfräiheet, de Mënscherechter, der Impfpflicht, asw. An selbstverständlech stellen ech d’Fro: Wat ass mam Artikel 11 an den droits naturels de la personne passéiert? D'Säit vun der Chambre zur Verfassungsreform: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Constitution
-
Interview Simone Beissel - Part 1
27/12/2021 Duração: 20minWat ass dat iwwerhaapt, eng Verfassung? Wou kënnt eis hier? Firwat kréie mer eng Revisioun? Di Froen diskutéieren ech mam Simone Beissel, co-rapportrice vun der Verfassungsreform. D'Säit vun der Chambre zur Verfassungsreform: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Constitution
-
D'Verfassungsreform - e Gespréich mam Simone Beissel (ganz Versioun)
27/12/2021 Duração: 01h07minEis Verfassung: Et sollt eng néi ginn, lo gëtt et eng Erneierung vun der aktueller. Mee firwat iwwerhaapt? A wat ass iwwerhaapt eng Verfassung? Wat steet dran? An wat ass mat Referenden? Déi Froen, an nach vill anerer, hunn ech dem Simone Beissel, co-rapportrice vun der Verfassungsreform, gestallt. D'Säit vun der Chambre zur Verfassungsreform: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Constitution
-
The Coolness Series Ep.4: International coolness
23/09/2021 Duração: 37minWas ist cool? Qu’est-ce qui est cool ? Wéi wär et, wa mer d’Fro mol net op lëtzebuergesch stellen, mee Auslänner froen, wat si dovun halen? Zum Gléck gëtt et der genuch hei am Land, war et relativ einfach, dësen läschten Deel vun der Enquête-„Micro-Trottoir“ ze realiséieren. Haut gëtt Coolness dann op Franséisch mam Philippe, op Éisträichesch mam Claudia (mat luxo-britescher Ënnerstëtzung vum Ryan) an op Däitsch mam Christina deklinéiert.
-
Coolness Series Ep.3: Der Enquête zweiter Teil!
23/09/2021 Duração: 29minWat ass coolness? D’Enquête leeft weider! Dës Kéier hunn ech de Max am Interview, vun dem ech mer erhoffen, dass säin Psychologen-Standpunkt néi Perspektiven op de Problem werft. An dono schwätzen ech mam Mario a mam Diane, di leider net d’Chance haten, an den fréien 80er op d’Welt ze kommen, mee dofir warscheinlech eng ganz aner Approche zur Fro hunn.
-
Den DemokratieLabo - Secherheet oder Fräiheet?
06/08/2021 Duração: 35minEpisod 4/4 iwwert den DemokratieLabo vum Zentrum fir politesch Bildung. Wann mer de Choix hunn tëscht Privatsphäre oder Fräiheet, a méi Sécherheet, wat wär eis méi wichteg? Wär en Iwwerwaachungsstaat d’Léisung fir all eis Kriminalitéitsproblemer? Kann eng Demokratie iwwerhaapt ouni Privatsphäre funktionéieren? Am Gespréich mat dobäi: d’Véronique Bastian, de Jacques Delleré an den Gilles Lanners.
-
Den DemokratieLabo - Den "echte Lëtzebuerger": echt, typesch oder just normal?
04/08/2021 Duração: 18minDen DemokratieLabo - Episod 2b/4 Wat ass en echte Lëtzebuerger? An der 2. Episod ( https://soundcloud.com/speakeasylux/wat-ass-en-echte-letzebuerger) vun eiser Serië zur Expo "den DemokratieLabo" vum ZpB hu mer probéiert, ob di Fro ze äntweren. Haut kommen ech mam Jacques Delleré nach emol op di Fro zeréck. Mee amplaz Äntwerten op d'Fro ze sichen, stelle mer d'Fro an Fro! Fir méi Infos zur Expo: www.demokratielabo.lu
-
Den DemokratieLabo - Fair a gerecht?
04/08/2021 Duração: 21minDen DemoLabo - Episod 3/4 Mir hunn zwar all di selwecht Rechter, mee mir sinn awer net all gläich. Dofir hu mer och net all di selwecht Chancen. Wat wär dann elo fair? Dass mer all zum Schluss dat selwecht Resultat kréien, oder all di selwecht Chancen hunn, zu dem Resultat ze kommen? Oder geet Gläichberechtegung duer? Wéi wäit – falls iwwerhaapt – ass d’Allgemengheet verantwortlech fir d’Situatioun vun den Individuen? Dat ass eng weider Fro, di mer aus der Expo "Den DemokratieLabo" vum Zentrum fir politesch Bildung erausgepléckt hunn. Eng Diskussioun mam Véronique Bastian, Jacques Delleré an Gilles Lanners.
-
Den DemokratieLabo - Wat ass en echte Lëtzebuerger⚧?
01/08/2021 Duração: 26minDen Demokratie-Labo - Episod 2/4 Wat ass en echte Lëtzebuerger? Komplizéiert Fro, fir en komplext Thema! Et ass schonn schwiereg genuch ze bestëmmen, wat da lo iwwerhaapt e Lëtzebuerger ass, oder wat „lëtzebuergesch“ soll sinn. Mee wat dann och nach en „echte“ Lëtzebuerger soll sinn… An der Expo „Den Demokratie-Labo“ vum Zentrum fir politesch Bildung gëtt di Fro gestallt. An mir hunn se natierlech missen behandelen! Gespréichspartner: d’Véronique Bastian, de Jacques Delleré an den Gilles Lanners
-
Den DemokratieLabo
28/07/2021 Duração: 19minEpisod 1 vu 4 Streiden an diskutéieren iwwert Demokratie? Klengt perfekt! D’Annelise Scheuren erkläert dem Speakeasy, wourëm et bei der Expo „Demokratie-Labo“ vum Zentrum fir politesch Bildung geet. www.demokratielabo.lu
-
Gender Wage Gap
23/07/2021 Duração: 01h05minGender wage gap Wourëm geet et? Ass et en Problem, oder en alen Hutt ? Firwat ? Wou kënnt en hier a wat kann een maachen? Eng Diskussioun iwwert Geld, Ongerechtegkeeten, Perspektiven, Zuelen, Analysen, Weltbiller, a Gerechtegkeet. Gespréichspartner: D’Vera Dockendorf an d’Milena Steinmetzer
-
The Coolness Project - Episod 2
19/07/2021 Duração: 45minDeel 1 vun der Enquête. Wat ass Coolness? Wat oder ween ass cool? Kann een et définéieren? Kann een et fannen? Gëtt et Coolness u sëch oder ass alles eng Saach vun Interprétatioun? Di Froen an nach vill méi stellen ech mengen Interviewees am éischten Deel vu menger Enquête. Haut am Gespréich: Den François Wirion, d'Amélie Fisch an d'Anna Oeltges an d'Nora Schleich. Hei fannt Der d'Gespréich mam Félix Koch: https://soundcloud.com/speakeasylux/the-coolness-project An hei dat mam Nora Schleich: https://soundcloud.com/speakeasylux/84-kant-touch-this
-
Kant touch this?
27/06/2021 Duração: 44minEn Doktorat an der Philo - Thèse, hypothèse, foutaises? D'Nora Schleich ass säit kuerzem Doktor an der Philosophie. Seng Dissertatioun huet den Titel "Zur Bestimmung der Funktion der Einbildungskraft in der ‘Analytik des Erhabenen‘". Wat muss een sech ënnert engem philosopheschen Doktorat virstellen? Firwat deet een sech esou eppes un? Wat bréngt et engem? Wat bréngt et der Mënschheet? A wouran besteet dem Nora seng Thees zum Konzept vum Erhabenen beim Kant? An dëser Episod stellen ech dem Nora dës Froen, plus natierlech vill méi. https://www.noraschleich.lu/
-
The Coolness Project - Episod 1
14/05/2021 Duração: 27minCoolness – wat ass dat? Et ass schwéier ze gräifen, wat sech hannert dësem Konzept verstoppt. E Grond méi, fir et ze probéieren. An dësem eischten Deel iwwerlée mer emol haart, wat cool ass a wat net. Am Gespréich: den Félix Koch
-
Eng propper Geschicht?
22/01/2021 Duração: 27minClean History? Episod 4 Wéi gesäit en gesonden Ëmgang mat der Vergaangenheet ëm? Wéi behandele mer dat, wat mer moralesch verwerflech fannen? Musse mer d’Geschicht botzen? Oder musse mer eise Bléck op d’Geschicht hannerfroen? An der Diskussiounsronn mam Thomas Koenig haut: den Jacques Delleré, den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann. Link zu Episod 1: https://soundcloud.com/speakeasylux/statuen-ofrappen Link zu Episod 2: https://soundcloud.com/speakeasylux/moralesch-standards Link zu Episod 3: https://soundcloud.com/speakeasylux/memoire Link zu “Wéi wäit däerf Humor goen?”: https://soundcloud.com/speakeasylux/humor-wip
-
Mémoire?
22/01/2021 Duração: 39minClean History? Episod 3 Wéi geet ee mat der Vergaangenheet em? Ween decidéiert, wat gutt war, wat schlecht war, a wat mir fir eis an Usproch huelen? Kann eisen Rapport duerch d’Vergaangenheet duerch d’Geschichtsbicher gebilt ginn, oder wiisst en organesch? Den Jacques Delleré erkläert eis, wei d’Mémoire entsteet, a wéi e gesonden Ëmgang mat eiser Vergaangenheet ausgesinn kannt. Dono diskutéieren mer an der Gespräichsronn doriwwer. Am Gespréich mam Thomas Koenig: den Jacques Delleré, den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann. Link zu Episod 1: https://soundcloud.com/speakeasylux/statuen-ofrappen Link zu Episod 2: https://soundcloud.com/speakeasylux/moralesch-standards Link zu Episod 4: https://soundcloud.com/speakeasylux/eng-propper-geschicht Link zu “Wéi wäit däerf Humor goen?”: https://soundcloud.com/speakeasylux/humor-wip Zu dem Thema kéint Iech och interesséieren: Meng Diskussioun mam Zentrum fir politesch Bildung zum Thema Redefräiheet an Négationismus https://soundcloud.
-
Moralesch Standards?
22/01/2021 Duração: 18minClean History? Episod 2 Däerfe mer d’Vergaangenheet mat eise Standards jugéieren? Firwat? Gëtt et iwwerhaapt “den” richtegen moraleschen Standard, un deem een alles bewäerten kéint? Den Thomas Koenig dissertéiert iwwert Sënn an Onsënn an iwwert d’Schwieregkeet, moralesch Uerteeler ze faassen. Dono diskutéieren mer an der Gespräichsronn doriwwer. Am Gespréich: Den Thomas Koenig, den Jacques Delleré, den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann. Link zu Episod 1: https://soundcloud.com/speakeasylux/statuen-ofrappen Link zu Episod 3: https://soundcloud.com/speakeasylux/memoire Link zu Episod 4: https://soundcloud.com/speakeasylux/eng-propper-geschicht Link zu “Wéi wäit däerf Humor goen?”: https://soundcloud.com/speakeasylux/humor-wip