Speakeasy Podcast
- Autor: Vários
- Narrador: Vários
- Editora: Podcast
- Duração: 98:20:03
- Mais informações
Informações:
Sinopse
Podcast by Speakeasy
Episódios
-
Philo Pol #5 - Rawls
28/01/2023 Duração: 36minWat sinn d’Prinzipien vun enger Gerechter Gesellschaft? A firwat ass di vernünfteg Äntwert (laut dem Rawls) Fairness? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den John Rawls. Link zum Podcast mam Taina Bofferding zum Thema Gläichheet an dem Ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes https://soundcloud.com/speakeasylux/glaichheet Link zur Episod zum Gender Wage Gap mam Vera Dockendorf an dem Milena Steinmetzer https://soundcloud.com/speakeasylux/gender-wage-gap
-
Philo Pol #4 - Tocqueville
28/01/2023 Duração: 32minAss de Staat e Frënd oder e Feind vun der Fräiheet? Oder steet de Bierger sech selwer am Wee? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den Alexis de Tocqueville.
-
Philo Pol #3 - Locke
22/01/2023 Duração: 18minWat ass Kontraktualismus? Oder Natur-Recht? A wat huet dat mat Liberalismus ze dinn? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den John Locke.
-
Philo Pol #2 - Hobbes
22/01/2023 Duração: 16minKann de Mënsch ouni Staat liewen? Kann eng Gesellschaft ouni Staat existéieren? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den Thomas Hobbes.
-
Philo Pol #1 - Intro
22/01/2023 Duração: 16minDat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech, wat politesch Philo ass, an ginn e schnellen Iwwerbléck, wat op der 1e um Programm steet.
-
De Krich an der Ukraine - 10 Méint méi spéit
21/01/2023 Duração: 43minWat ass an den läschten Méint an der Ukrain passéiert? Firwat? Gesäit een schonn Tendenzen, wéi de Krich wäert weidergoen? Oder wéi en wäert ausgoen? 10 Méint no eisem läschten Gespréich doriwwer hunn ech mech erëm mam Petz Bartz getraff, fir en Follow-Up ze maachen.
-
Dossier Intro - Cours fir Primaner
19/01/2023 Duração: 50minDat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Intro. Ech behandelen dobäi follgend Froen: Wat ass Philosophie? Wéi fonctionéiert Philosophie? Wéi eng Beräicher ginn am Fach Philosophie behandelt? Wéi eng Themen deckt d’Kapitel Intro vum Fach Philo of? Wat erwaart een an der Prüfung an am Examen?
-
Top 3 vun 2022 mam Petz Bartz
18/01/2023 Duração: 33minWat waren di wichtegst international Events vum Joer 2022? A selbstverständlech firwat? E Gespréich mam Petz Bartz
-
Short #4 - No army, no problem?
29/12/2022 Duração: 12minWat wär, wann et keng Arméien géifen ginn? Oder wann et kee Krich géif ginn? Ass di beschten Léisung, fir dass kee méi am Krich stierwen muss, net einfach, guer kee Krich méi unzefänken?
-
Short #3 - Stierwe Fir Mäi Land?
12/12/2022 Duração: 11minDäerf e Staat vu senger Bierger verlaangen, an de Krich ze zéien? A wa jo, firwat? Oder firwat net? A wéi eng Weltbiller verstoppen sech hannendrun? E puer Iwwerleeungen vum Thomas Koenig
-
Gläichheet - En Interview mam Taina Bofferding
22/11/2022 Duração: 41minGläichheet vu Fraen a Männer – wat soll een sech dorënner virstellen? Firwat war den MEGA mol en Ministère vun Chancëgläichheet, an elo ass et een just nach vu Gläichheet? A wat ass mat Gläichberechtegung? Wat verstoppt sech hannert deenen Konzepter an firwat ass de MEGA iwwerhaapt do? En Interview mat der Ministesch Taina Bofferding
-
Speakeasy Short 2 - Zaldoten
23/10/2022 Duração: 12minConscriptioun an enger Demokratie ass problematesch. Mee wat ass, wann d‘Zaldoten fräiwëlleg fir hiert Land kämpfe wëllen? Oder wann se fir Geld kämpfen? Wéi en Zorten vun Zaldot gëtt et iwwerhaapt? An dësem 2. Short féiert den Thomas Koenig d’Iwwerleeung vum éischten weider.
-
Speakeasy Short 1 - Mobilisatioun
17/10/2022 Duração: 11minAn Europa ass Krich, an et gi Léit géint hiren Wëllen mobiliséiert. Wat wär, wann dat zu Lëtzebuerg géif passéieren? Wéi verdroen sech Wehrpflicht an Demokratie? Den Thomas Koenig huet sech e puer Gedanke gemaach.
-
Stolpersteng
24/09/2022 Duração: 53minWéi wichteg ass d’Mémoire? A wéi commémoréieren mer richteg? Firwat iwwerhaapt engem gedenken, wiem gedenke mer, a fir wen eigentlech? D’Stolpersteng sinn eng Aktioun, di di Froen erëm aktualiséiert hunn, a fir Diskussioun gesuergt hunn. Fir ze verstoen, wéi en Denkmal un d’Opfer vun den Nazien problematesch ka sinn, hunn ech beim Françoise Brück a mam Jacques Delleré nogefrot.
-
Alligator-River-Story
01/09/2022 Duração: 32minSex, Jalousie, Léift, Gewalt, Verrot, Ausbeutung (an Alligatoren?), en gutt Rezept fir en spannenden Film, oder awer och dat ideaalt Rezept fir en moraleschen Problem! Ass hei all Mënsch en Opfer, oder sinn et alles Täter? Oder ass d'Situatioun an dësem Fall esou trubel wéi d'Gewässer vum Floss, nieft dem d'Drama stattfënnt? Haut diskutéieren ech mam Félix Koch iwwert di sougenannten Alligator-River-Story.
-
Muss d'Police mech schützen?
26/07/2022 Duração: 21minEt kéint ee mengen, d’Missiounen vun der Police wären de Schutz vum Bierger an d’Erhalen vu Sécherheet a Fridden. Mee an den USA ass dat awer net esou, do huet d’Police keng föderal Obligatioun, déi Saachen ze maachen. Wéi ass et dann zu Lëtzebuerg? Huet d’Police en devoir de protection? Ech war bei d’Simone Beissel, fir Äntwerten op meng Froen ze kréien.
-
Batman, Superjhemp a Vigilantismus
25/07/2022 Duração: 21minEng Fro, di mer eis am Speakeasy oft gestallt hunn, ass, ob de Batman an de Prison gehéiert. Philosophéieren kann een vill doriwwer, wat da lo richteg ass, oder moralesch noutwenneg. Mee wat seet d’Gesetz? Däerf den eenzelen Bierger fir Recht an Uerdnung suergen? Däerf een sech als Superheld verkleeden an den Batman nomaachen? A firwat erlaabt den Superjhemp-Film sech souvill Fräiheeten mam Realismus? Ech war beim Simone Beissel, fir Äntwerten op meng legal Froen ze kréien an hunn mam Regisseur Félix Koch nach eng Kéier iwwert d’Roll vun den Superhelden geschwat. Link zu eiser eischter Episod zum Thema Batman https://soundcloud.com/speakeasylux/prison-fier-de-batman
-
Vum Tram gepaak
25/07/2022 Duração: 18minSoll ech een Onbekannten opferen, fir der puer ze retten? Oder soll ech mech op kee Fall amëschen? Däerf ech een aktiv ëmbréngen, fir aneren Liewen ze retten? Di Froen ginn an am Trolley-Problem an an sengen ville Varianten op gehäit. Mee dës Kéier wollt ech net wëssen, wat ethesch besser wär. Dës Kéier interesséieren ech mech dofir, wat d’Gesetz zum Trolley-Problem ze soen huet. Eng Diskussioun mam Simone Beissel Link zur Episod vum Trolley Problem https://soundcloud.com/speakeasylux/trolley-problem-revisited-classic Link zur Episod vum “fette Mann” https://soundcloud.com/speakeasylux/trolley-problem-revisited-fat-man
-
Zwergenwäitworf
26/06/2022 Duração: 36minAss Zwergen-Werfen onwürdeg? Haut stelle mer eis net d’Fro, wéi wäit ee goen kann, mee wéi wäit ee werfen soll. Oder éischter op een iwwerhaapt werfen soll. Däerf een de Leit am Numm vu bestëmmten Prinzippien eppes verbidden, wat se maachen wëllen, oder net? Mir probéieren, déi Fro ze beäntweren, an diskutéiere béi eisem philosopheschen Kaffiskränzschen iwwert Zwergenwerfen, Beleidegung vu reliéisen Gefiller, daf Lesben, Ofdreiwung, Kannibalismus, schlecht Wuertspiller (Tous les moyens pour s’envoyer en l’air sont-ils bons?) an Mënscherechter. Dat üblecht, also. Diskussiounspartner haut: De François Wirion
-
Krich, wat, firwat a wat elo? - E Gespreich mam Petz Bartz
06/03/2022 Duração: 50minDe Krich an der Ukrain – Hätt een en misse komme gesinn? Wat passéiert eigentlech? A firwat? Si mer hei zu Lëtzebuerg a Gefor ? Wéi geet et weider? Et ass zwar onméiglech, am Moment Äntwerten op di Froen ze ginn, mee ech probéieren mam Petz Bartz emol mer en Iwwerbléck iwwert d’Situatioun ze verschafen.