Speakeasy Podcast
- Autor: Vários
- Narrador: Vários
- Editora: Podcast
- Duração: 98:20:03
- Mais informações
Informações:
Sinopse
Podcast by Speakeasy
Episódios
-
Statuen ofrappen?
22/01/2021 Duração: 22minClean History? Episod 1 Statuen ofrappen, well se di falsch Symbolik duerstellen? Dës Fro ass di läscht Zäit ëfters gestallt ginn. Déi eng gesinn doran en noutwennegen Schrëtt no fir, fir di aner ass et Zensur, moralesch Panik oder d’Wäisswäschen vun der Vergaangenheet. Mee wat stécht wierklech hannert dëser Fro? Den Chris Pesch huet am Summer 2020 op sengem Blog Pianocktail en Post https://www.pianocktail.lu/2020/06/27/iwwer-geschicht-a-geschichten/ zu dem Thema verfaasst. Hien erkläert eis haut d’Problematik, an dono diskutéieren mer an der Gespräichsronn doriwwer. Am Gespréich mam Thomas Koenig haut: De Chris Pesch (an d’Diskussiounronn vum Speakeasy: den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann) Link zu Episod 2: https://soundcloud.com/speakeasylux/moralesch-standards Link zu Episod 3: https://soundcloud.com/speakeasylux/memoire Link zu Episod 4: https://soundcloud.com/speakeasylux/eng-propper-geschicht Link zu “Wéi wäit däerf Humor goen?”: https://soundcloud.com/speakeas
-
Firwat studéieren?
31/12/2020 Duração: 40minE Studium kascht Geld, Zäit an Nerven. An gär kann d’Fro opkommen „Soll ech mer dat wierklech undoen?“ Oder „Hätt ech net awer léiwer eppes aneres studéiert?“. Firwat soll een sech esou eppes undoen? Soll een dat iwwerhaapt? Déi Froen, an nach vill méi (Stéchwuert Pandemie), diskutéiert den Thomas Koenig mat dem (mëttlerweil Ex-) Präsident vun der ACEL, dem Sven Bettendorf. https://soundcloud.com/speakeasylux/firwat-studeieren An engem aneren Gespréich diskutéieren se, wéi eng Tipps & Tricks den Sven Bettendorf als „ancien“ vum LCE den aktuellen Schüler mat op de Wee ka ginn. https://soundcloud.com/watderdaeiwel/post-scriptum-2020-acel
-
Wéi wäit däerf Humor goen?
21/12/2020 Duração: 01h14minWéi wäit däerf Humor goen? Gëtt et Grenzen? Oder soll et der ebe just keng ginn? Musse mer Rücksicht op d’Gefiller vun eise Matmënschen hunn, oder eben net? Haut behandele mer eng Zuhörer-Fro an der grousser Diskussiounsronn. Dës Kéier am Gespréich mam Thomas Koenig: Den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer, d’Selina Godfrey an den Rick Strattmann.
-
Minimalismus Deel 3
04/12/2020 Duração: 44minMinimalismus – ass et e Kamp, geet et em Verzicht? Oder geet et em Wäert an Gléck? Den Ricardo Prosperi ( https://www.ricardoprosperi.com/ ) ass och Minimalist, an wollt säin Pefferkär zur Diskussioun vun eiser 2. Episod zum Thema och bäisteieren. Am Gespréich mam Thomas Koenig: Den Ricardo Prosperi an de Josy Jacoby
-
Tenue correcte exigée?
25/10/2020 Duração: 48minDäerf een sech an der Schoul undoen, wéi ee wëll? Däerf een seng Perséinlechkeet fräi duerch seng Kleedung ausdrécken? Oder gëtt et Grenzen? A wa jo, firwat? A fir wien? Si mer all gläich, wann et dorëm geet, sech korrekt un ze doen? E Gespréich vum Thomas Koenig iwwert d’Fro vun der tenue correcte an der Schoul mam Élina Ecker an dem Catherine Freimann.
-
Minimalismus Deel 2
25/09/2020 Duração: 33minMinimalismus – firwat, a wéi? Am zweeten Deel vum Gespréich diskutéieren ech mam Sozialpsycholog Josy Jacoby, ob Minimalismus iwwerhaapt dat bréngen kann, wat et versprécht an méi ass wéi just en Trend. An de Josy proposéiert praktesch Tipps fir déi, déi sech an d’Richtung vun engem manner materialisteschen Liewen bewegen wëllen. Link 1 - Ted talk vum Millburn an Nicodemus www.youtube.com/watch?v=w7rewjFNiys Link 2 – Goodbye things vum Fumio Sasaki www.youtube.com/watch?v=s8HiVi9RB6M Link 3 – d’Marie Kondo an d’Méthode Konmari deco.journaldesfemmes.fr/guide-amenag…ent-konmari/ Link 4 – d’Buck vum Bea Johnson www.amazon.fr/Z%C3%A9ro-d%C3%A9c…nson/dp/2352042577 Link 5 – d’Arte-Sendung “Street Philosophy” – Simplify your life www.arte.tv/en/videos/062269-00…A/streetphilosophy/
-
Tyranne - Mord
23/08/2020 Duração: 28minEng Bomm, zwee Kanner, een Tyrann an nëmmen eng Chance, fir dat Richtegt ze maachen! Däerf een onschëlleger opferen, fir en Tyrann aus dem Wee ze raumen? Dës Fro huet den Albert Camus sech an „les Justes“ gestallt, an si berout op enger reeller Gegebenheet aus dem fréien XX. Joerhonnert. A mir hunn eis haut dorunner inspiréiert, fir eis Sträitgespréich. Dës Kéier hu mer awer d’Rolle getosch, an dem Josy Jacoby den Optrag ginn, fir den Tyranne-Mord z’argumentéieren, an d’Élina Ecker soll dogéint argumentéieren.
-
Minimalismus - Deel 1
15/08/2020 Duração: 16minMinimalismus – Méi Fräiheet duerch manner Besetz? Di Saachen, die eis gehéieren, di besetze mer net, mee eigentlech besetzen si eis. Sou behaapten et op alle Fall verschidden Denker. Minimalismus ass eng Astellung, déi eis d’Liewen vereinfache soll. Mee wat genee verstoppt sech dohannert, an firwat soll dat iwwerhaapt gutt sinn? Den Sozialpsycholog Josy Jacoby erkläert Sënn an Zweck vum Minimalismus. Link 1 - Ted talk vum Millburn an Nicodemus https://www.youtube.com/watch?v=w7rewjFNiys Link 2 – Goodbye things vum Fumio Sasaki https://www.youtube.com/watch?v=s8HiVi9RB6M Link 3 – d’Marie Kondo an d’Méthode Konmari https://deco.journaldesfemmes.fr/guide-amenagement-et-travaux/2442286-marie-kondo-methode-de-rangement-konmari/ Link 4 – d’Buck vum Bea Johnson https://www.amazon.fr/Z%C3%A9ro-d%C3%A9chet-B%C3%A9a-Johnson/dp/2352042577 Link 5 – d’Arte-Sendung “Street Philosophy” – Simplify your life https://www.arte.tv/en/videos/062269-003-A/streetphilosophy/
-
Hitlermord?
25/07/2020 Duração: 28minE weideren Klassiker ënnert den Dilemmata: Wat wär, wann een den Hitler kéint ermuerden goen, ier hien zum Diktator gëtt a fir Krich an Vëlkermord suergt? Misst een, dierft een, sollt een hien dann ëmbréngen, obwuel hien nach näischt gemaach huet? Däerf een e Liewen opferen, fir Milliounen anerer ze retten? A firwat? Wär Agräifen Mord, an domat falsch? Oder Net-Agräifen non-assistance à personne en danger? Am Sträit-Gespréich mam Thomas Koenig: d’Élina Ecker an den Josy Jacoby
-
Pandemie oder Patient Zero?
26/06/2020 Duração: 01h39sStellt Iech emol fir, déi Welt an där Dir lieft fält enger viraler Pandemie zum Opfer. Mee, clever wéi Dir sidd, hutt der vum Confinement profitéiert, fir Är Zäitmaschinn fäerdeg z’entwéckelen! A lo ass se prett! Do stellt sech jo dann quasi automatesch déi moralesch Fro: Musst Dir net an der Zäit zréck reesen, an den Patient Zero, deen, duerch deen den Virus op de Mënsch iwwer gesprongen ass, deen, duerch deen alles ausgeléist gouf, ëmbréngen? Ee Mënsch opferen, fir e puer 100‘000 aneren d’Liewen ze retten? Däerf, soll oder muss een ee Mënsch opferen, fir der ganz vill ze retten? Ënnert wéi engen Bedéngungen? Oder firwat net? E Gespreich mam den Psychologen Max Buchler a Josy Jacoby an dem Philosophinnen-Duo Nora Schleich a Pascale Worré.
-
Deconfined Talks 7 - Konsequenzen vun der Digitaliséierung
09/06/2020 Duração: 34minD’Conclusioun vum Gespréich aus Episod 5 an 6: Wat sinn d’Konsequenzen vun der Digitaliséierung? Wat kann een sech op kuerz oder mëttelfristeg Zukunft erwarden? Wat sinn di psychologesch Konsequenzen? Wat wäert di artifiziell Intelligenz fir eng Roll kréien? Am Gespréich: Den Max Buchler, den Josy Jacoby, den Meris Sehovic an den Ryan Shepherd.
-
Digitaliséierung - Fluch oder Segen?
02/06/2020 Duração: 32minAss de Fait, dass ëmmer méi online oder digital méiglech ass, e Fluch, e Segen, oder keent vu béidem? Deconfined talks – Episod 6. E Gespréich vum Thomas Koenig mam Max Buchler, Josy Jacoby, Meris Sehovic an dem Ryan Shepherd.
-
Wéi erliewen mer d'Digitaliséierung?
01/06/2020 Duração: 12minAm Confinement huet all Mënsch däerfen erliewen, wéi wichteg Digitaliséierung a sengem Alldag ass. Ier mer kucken, op Digitaliséierung e Fluch oder eng Chance ass, a wat déi wichtegsten Konsequenzen dovun eiser Meenung no wäerte sinn, kucke mer als éischt emol, wéi eng Roll d’Digitaliséierung an eisem Alldag hat an den läschte Wochen Wéi erliewe mer d’Digitaliséierung? – Episod 5 aus den DEconfined talks!
-
Confined Talk 4 - Confinement a perséinlech Wäerter?
26/04/2020 Duração: 01h30minAss de Confinement dee Moment, wou mer eis op méi Fundamentales besënnen, an iwwert eis Wäerter reflektéieren, iwwer dat, wat wierklech wichteg ass am Liewen? Oder ass dat eppes, wat mer eis zielen, fir eis de Moment méi erdrobar ze maachen? Wat ass den wichtegsten Wäert? Zwergenwerfen? Wou komme Wäerter hir? Gëtt et objektiv Wäerter? Kann een se vermëttelen? A wat ass dee méi wichtegen Wäert: Den Individuum a seng Fräiheet oder de Kollektiv an hier Solidaritéit? Dat, an villes méi, an engem Gespréich mam Max Buchler, Josy Jacoby, Alain Herman, Gilles Retter a Meris Sehovic. An hei ass de Link zum Wäerte-Test : http://www.psychomedia.qc.ca/tests/questionnaire-des-valeurs-par-portraits-revise
-
Confined Talks 2 (an 3?)
17/04/2020 Duração: 01h34minConfined talks – Episod 2 (&3?) Wéi erliewe mer den Confinement ? Wat sinn d’Konsequenzen vun engem längeren Confinement? Wéi gi mer domat ëm ? Dat sinn d’Themen, déi um Programm vun dëser Episod 2 waren. Vu dass d’Gespréich dono an eng ganz aner Richtung awer nach geet (Politik, Wirtschaft, Sënn vum Liewen, etc.), handelt et sech am Fong hei em eng Duebel-Episod. Am Gespréich mam Thomas Koenig: d‘Laura Bianchi, den Josy Jacoby, den Gilles Retter, den Meris Sehovic an den Ryan Shepherd.
-
Interview mam Christophe Origer - Deel 2
11/04/2020 Duração: 25minFirwat mécht een Politik? An wéisou grad bei der CSV? En Gespréich iwwert Politik, d’Welt, Philosophie, dat Üblecht eben! E Gespréich mam Christophe Origer (Deel 2 vun 2)
-
Confined Talks 1 - eng néi Wirtschafskris?
02/04/2020 Duração: 46minDëck mies, et ass Kris ? Episod 1 aus der Série "Talks aus dem Confinement" Hannert der Pandemie kënnegt sech eng potentiell hefteg Wirtschaftkrise un. Mir diskutéieren an dëser Episod doriwwer, wouran de Problem besteet, wéi eng Léisungen et kéint ginn, an probéieren, dem ganzen eng Perspektiv ze ginn. An dëser Episod schwätzen ech mam Josy Jacoby, mam Alain Herman an mam Ryan Shepherd.
-
Interview mam Christophe Origer - Deel 1
23/03/2020 Duração: 27minFirwat mécht een Politik? An wéisou grad bei der CSV? En Gespréich iwwert Politik, d’Welt, Philosophie, dat Üblecht eben! E Gespréich mam Christophe Origer (Deel 1 vun 2)
-
Trolley Problem revisited - Doctor Problem
14/03/2020 Duração: 18min5 Leit, déi doudkrank sinn, an en Organ brauchen...1 Persoun, déi gesond ass, an Organer spenden kéint. Muss den Dokter hei net déi eng Persoun opferen, fir déi aner ze retten? Géift Dir d’Leit stierwen loossen? An der drëtter a leschter Episod vum „Trolley Problem revisited“ diskutéiere mer den sougenannten Problem „vum Dokter“. Haut am Gespréich: Den Josy Jacoby an den Romain Schroeder
-
Trolley Problem revisited - Fat Man
06/03/2020 Duração: 23minEn Tram, deen ausser Kontroll ass, 5 Leit, déi um Gleis ugestréckt sinn, eng Bréck iwwert dem Gleis an ee fette Mann, den vun der Bréck rofkuckt. Musst der hien rofdrécken, fir déi 5 Leit ze retten oder net? An der zweeter Episod vum „Trolley Problem revisited“ diskutéiere mer den sougenannten Problem „vum fette Mann“. Leider huet dës Kéier och net all Mënsch eis Diskussioun iwwerlieft. Haut am Gespréich: Den Josy Jacoby an den Romain Schroeder