Speakeasy Podcast

  • Autor: Vários
  • Narrador: Vários
  • Editora: Podcast
  • Duração: 98:20:03
  • Mais informações

Informações:

Sinopse

Podcast by Speakeasy

Episódios

  • (Inter?)national-Walen

    21/08/2023 Duração: 37min

    An der Theorie ass all Staat souverän. An der Praxis ass Muecht awer duerch vill Faktoren beschränkt. Am Oktober sinn Chamber-Walen. Dofir wollt ech den Petz Bartz froen, wéi eng 3 international Saachen een senger Meenung no am Hannerkapp hale sollt, fir informéiert wielen ze goen. A wéi esou oft ass Praxis méi komplizéiert wéi d’Theorie...

  • Äddi a Merci - Bei de Pompjeeën

    01/08/2023 Duração: 30min

    An der Serie „Äddi a Merci – E Liewen mam Doud“ gi mer haut kucken, wéi de Pompjee mam Doud confrontéiert gëtt. Et ass jo e Beruff, wou een ni weess, wat op een duer kënnt. A wou een och mol Schlëmmes muss gesinn. Wat erwaart een iwwerhaapt? Wéi gëtt een domat eens? Déi Froen diskutéieren ech mam Béatrice Kabers, mam Pit Gries a mam Jeff Gotting.

  • Äddi a Merci #7 - Beim Doudegriewer

    20/07/2023 Duração: 41min

    Wat mécht en Doudegriewer eigentlech? Wéi geet een mental domat am, um Kierfecht ze schaffen? An dëser Episod vun “Äddi a Merci – E Liewen mam Doud” geet et op de Märeler Kierfecht, wou ech mam Luc Theis a mam Marc Conradt iwwert hiren professionellen Alldag schwätzen.

  • Ukraine mam Petz Bartz #3

    17/07/2023 Duração: 31min

    Dag 500 vun der russescher Spezial-Militär-Operatioun: Wéi verleeft de Krich? Wat huet Wagner a Russland gezwafft? Wéi een Afloss huet dat op de Krich ? Wéi steet de Putin do? A wou bléift di ugekënnegt ukrainesch Grouss-Offensiv? Dat sinn di Froen, di ech mam Petz Bartz an dëser Episod diskutéieren.

  • Walrecht ab 16?

    12/07/2023 Duração: 30min

    Ech diskutéieren haut mam Marc Schoentgen, dem Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, doriwwer, ob e Walrecht ab 16 sënnvoll ass, wat dofir an dogéint schwätzt, an och iwwert di „80%“, di virun 8 Joer dogéint waren.

  • Äddi a Merci #6 - Beim Paschtouer

    14/06/2023 Duração: 55min

    Wéi seet een Äddi? Wat denkt oder fillt een als Paschtouer, wann een eng Doudemass hält oder en Begriefnis begleet? Wéi leeft dat ganzt iwwerhaapt of? Dat sinn e puer vun den Froen, déi ech mat bei den Francis Erasmy geholl hunn, den Dekan vun der Iechternacher Basilika.

  • Äddi a Merci #5 - Beim Véi-Dokter

    12/06/2023 Duração: 25min

    Den zweeten Interview an der Serie "Äddi a Merci - E Liewen mam Doud". An dëser Episod diskutéieren ech mam Véronique Jaeger doriwwer, wéi en Véidokter am Job mam Doud vu sengen Patienten ëmgeet.

  • Äddi a Merci #4 - Euthanasie

    09/05/2023 Duração: 35min

    Den eischten Interview an der Serie "Äddi a Merci - E Liewen mam Doud". An dëser Episod treffen ech mech mam Dr. Romain Stein, fir iwwert seng Erfahrungen mat Euthanasie ze schwätzen.

  • Äddi a Merci #3 - Promenade III

    09/05/2023 Duração: 33min

    De Schluss vun menger Promenade duerch den Doud mam Félix Koch. We put the fun in funeral - or do we? Däerf een iwwert Doud laachen, oder ass dat Thema dout-eescht? Dat hei ass den drëtten Deel vun der Serie iwwert den Doud

  • Äddi a Merci #2 - Promenade II

    09/05/2023 Duração: 34min

    Eng Promenade duerch den Doud, bei den Doudegen. An dëser Episode ginn ech mam Félix Koch op den däitsche Militär-Kierfecht zu Sandweiler. Mir schwätzen doriwwer, wat een nom Doud hannerléisst, oder hannerloossen wëll (an och natierlech iwwert de Krich). Dat hei ass den zweeten Deel vun der Serie iwwert den Doud.

  • Äddi a Merci #1 - Promenade I

    09/05/2023 Duração: 32min

    Eng Promenade duerch den Doud, bei den Doudegen. An dëser Episode ginn ech mam Félix Koch op de Kierfecht zu Clausen. Mir schwätzen doriwwer, wéi mir dem Doud begéint sinn. Dat hei ass den éischten Deel vun der Serie iwwert den Doud.

  • Wien war de Loschi?

    15/04/2023 Duração: 50min

    Wien war de Loschi? Respektiv, ween ass de Loschbuer-Mann? Ass hien deen eelste Lëtzebuerger? Wat kënne mer vun him léieren? Wéi eng Bedeitung huet de Loschi fir eis haut? E Gespréich mam Patrick Michaely, dem Direkter vum Natur-Musée

  • Epistemo #7 – Feyerabend

    09/04/2023 Duração: 35min

    Gëtt et eng eenheetlech Methode oder Struktur fir all d’Wëssenschaften? A wat ass eng soirée de feu? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Paul Feyerabend an den epistemologeschen Anarchismus.

  • Epistemo #6 - Kuhn

    09/04/2023 Duração: 29min

    Wéi entwéckelen sech d’Wëssenschaften? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Thomas Kuhn an d’Revolutiounen an den Wëssenschaften.

  • Epistemo #5 - Karl Popper

    09/04/2023 Duração: 36min

    Sinn wëssenschaftlech Aussoen ëmmer nëmmen Hypotheesen? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Karl Popper an den Falsifikationismus. Link zur Episod iwwert UFOs : https://soundcloud.com/speakeasylux/episod124

  • U.F.O. - Whiskey Tango Foxtrot?

    24/03/2023 Duração: 01h11min

    Unidentified flying object, unidentified aerial phenomenon – wat verstoppt sech hannert deenen Ofkierzungen? 2021 verëffentlecht de Pentagon den UAP Rapport, 2023 schéissen divers Länner UFO’en of. Mee dat bedeit net onbedéngt, dass d’Aliens do sinn! Oder awer dach? Wéi kënne mer mat Phänomener ëmgoen, di mer net verstinn ? E Gespréich mam Mario Pleimling

  • Epistemo #4 - Kant

    04/02/2023 Duração: 35min

    Wat sinn d'Konditiounen vun der Méiglechkeet vu Wëssen? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Épistémologie & Philosophie des Sciences An dëser Episod erklären ech den Immanuel Kant an den Kritizismus.

  • Epistemo #3 - Locke

    02/02/2023 Duração: 30min

    Sinn eis Sënner di exklusiv Quell vun eisem Wëssen? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Épistémologie & Philosophie des Sciences An dëser Episod erklären ech den John Locke an den Empirismus.

  • Epistemo #2 - Descartes

    02/02/2023 Duração: 39min

    Gëtt et Wëssen, un dem een net zweifelen kann? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den René Descartes an den Rationalismus.

  • Epistémo #1 - Eng Aféierung

    02/02/2023 Duração: 21min

    Wat ass Épistémologie? Wat ass philosophie des sciences? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique

página 3 de 9