Speakeasy Podcast
- Autor: Vários
- Narrador: Vários
- Editora: Podcast
- Duração: 98:20:03
- Mais informações
Informações:
Sinopse
Podcast by Speakeasy
Episódios
-
PhiloFlow Fir GSO #08 - Aféierung an d'Anthropolgie
31/01/2025 Duração: 21minDu bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier Anthropologie geet? Wat ass Anthropologie iwwerhapt? Wéi eng Froen ginn am Dossier behandelt? Wat fir Konzepter muss de kennen? Dat kucke mer an dësem Video! 00:00 - Intro 08:01 - Froen vum Dossier 08:16 - Iwwerbleck iwwert d'Froen 10:05 - Staat an Muecht vum Staat 19:03 - Konzepter 19:08 - Mënsch 20:47 - Staat 23:55 - Gesellschaft 26:00 - Fräiheet 29:13 - Natur an Kultur
-
PhiloFlow Fir GSO #13 - Den Hans Jonas
31/01/2025 Duração: 28minDu bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Hans Jonas? Oder du wëlls einfach méi zum Prinzip Verantwortung léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:32 – Biographie 01:50 - Textanalyse Abschnitt 1 07:44 - Heuristik der Furcht 14:20 - Abschnitt 3 & 4 17:03 - Imperativ 19:33 - Schluss vum Text 23:42 - Prüfungsfroen 25:15 - Résumé
-
PhiloFlow Fir GSO #12 - Den Peter Singer
31/01/2025 Duração: 20minDu bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Peter Singer? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:35 – Biographie 01:02 - Wat ass Utilitarismus? 01:45 - Biographie Part 2 04:28 – Textanalyse 14:42 – Iwwerbléck 18:19 - Prüfungsfroen
-
Radikal am Alldag?
26/12/2024 Duração: 31minExtremismus, Terrorismus, Konspirationismus - mir kennen all Léit, déi "ë bësse méi komesch Iddien”. Mee et schéngt der ëmmer méi ze ginn. A et schéngt, wéi wann se ëmmer manner Problemer hätten, hir komesch Iddien als eppes ze verkafen, wat eigentlech guer net komesch méi ass...Wee wees, vläit ass ee jo esouguer selwer ee vun deenen. Wat maachen ech, wa meng Famill oder Frënn op emol schéngen sech ze radikaliséieren? Oder wann ech et bei mir selwer mierken? Firwat passéiert dat? Muss ech mer Suergen maachen? En Gespréich mam Karin Weyer an mam Nicolas Hirsch vun Respect.lu
-
Gerechtegkeet am Krich?
24/11/2024 Duração: 43minWéini däerf ech op Kanner schéissen ? Wéini däerf ech op Fraen schéissen ? Am Krich stellen sech vill Froen, am modernen Krich nach vill méi. Sinn Zivilisten haut de facto legitim Zieler ? Däerf ech Massevernichtungswaffen asëtzen, a wa jo, wéini? Wat däerf ech maachen, wann den Feind keng Uniform unhuet? Déi Froen diskutéieren ech mam Norbert Campagna, Philosoph, Professer an Auteur zu e puer Wierker zum gerechte Krich.
-
Schüler-Froen zur Kris am Noen Osten
12/10/2024 Duração: 55minD'Krise am Noen Osten werft vill Froen op. Och bei Schüler. Dofir hunn ech d'Froen vun mengen Primaner vun der Optioun "sujets d'actualité" aus dem Lycée Classique d'Echternach mat bei en Expert geholl. En Interview mam Journalist Petz Bartz.
-
Formel 1 an Fairness - Wéi eng Wäerter fënnt een an der F1?
20/09/2024 Duração: 25minGeet et an der Formel 1 ëm Sport, ëm Competitioun, ëm Geld? Wéi eng Wäerter fënnt een an der F1? Firwat fënnt een keng Fraen am Cockpit? Kann ech F1 kucken, an en gutt Gewëssen hunn? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg
-
Formel 1 an Fairness - Di selwescht Regelen fir all Mënsch?
19/09/2024 Duração: 32minAss Formel 1 en fairen Sport? A wann jo, firwat gëtt dann net all Pilot oder Écurie gläich belouhnt. An dëser Episod gi mer méi am Détail op di berühmt-berüchtegt Course zu Abu Dhabi 2021 an…wéi fair war dat, an kann een sech Weltmeeschter nennen, wann een den Titel quasi geschenkt kritt? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg
-
Philosophesch Wanderung?
13/09/2024 Duração: 22minHaut si mer dobaussen, an maachen eng Wanderung mam Pascale Worré vun Philo-Life. Hatt proposéiert säit kuerzen dat Konzept, an mir froen no, wat sech dohannert verstoppt!
-
Formel 1 - Wéi steet et mat der Chancengläichheet?
22/08/2024 Duração: 37minFormel 1 - Wéi steet et mat der Chancëgläichheet? Ass Formel 1 en fairen Sport? A wa jo, firwat gewënnt dann net ëmmer de beschte Pilot? Ass de cost cap fair? Schützt een domat net di schlecht Écurien? An hunn ech och eng Chance an d’F1 ze kommen, wann ech net an enger räicher Famill gebuer ginn? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg
-
Top 3 Events fir 2024
09/02/2024 Duração: 33minWat waren di wichtegst international Events vum Joer 2022? A selbstverständlech firwat? E Gespréich mam Petz Bartz
-
Keng Stëmm fir Fraen?
09/02/2024 Duração: 39minFirwat si manner Fraen an der Regierung wéi Männer? Wëll kee Fraen wielen? Oder trieden der manner un? An ass dat e Problem, dee behuewen muss ginn? Déi Froen kläre mer mam Milena Steinmetzer
-
Israel-Gaza mam Petz Bartz
14/01/2024 Duração: 32minIsrael, Gaza, Gewalt am Noen Osten. Business ass usual, kéint ee mengen, wann do net den 7 Oktober gewiescht wär. Wat passéiert grad tëscht Israel a Gaza, an firwat? Op wat leeft d’Situatioun eraus? Gëtt et eng sortie de crise? Oder gëtt et en regionalen Krich? A wat ass de geopoliteschen Kontext? Respektiv, wien huet Recht, a wien sinn di béis? Dat sinn Froen, di ech mam Petz Bartz diskutéieren, fir en Iwwerbléck zum Problem ze kréien.
-
Punition, réinsertion, pardon?
08/01/2024 Duração: 37minPunition, réinsertion ou pardon ? Nous poursuivons notre exploration du monde carcéral avec la seconde partie de l’interview. Comment la prison gère-t-elle les prisonniers ? Faut-il les punir ? Ou les tenir à l’écart de la société pour la protéger ? Que se passe-t-il une fois que leur peine est purgée ? Sentence purgée, faute pardonnée ? Je vais poser ces questions à Karim Elkhmlichi, un psychologue et philosophe qui travaille pour le SPF Justice. Il a également travaillé dans l'administration de plusieurs prisons, dont celle de St. Gilles à Bruxelles.
-
Qui va volontairement en prison?
20/12/2023 Duração: 25minAujourd'hui, explorons le monde carcéral avec une question intrigante : Qui choisit d’aller volontairement en prison ? Le directeur, bien évidemment, l'un des rares à se trouver volontairement derrière les barreaux ! Qu'est-ce qu'être directeur de prison ? Quelles missions et quelles personnes embrassent cette carrière unique avec des détenus au quotidien ? Je vais parler de cela avec Karim Elkhmlichi, un psychologue et philosophe qui travaille pour le SPF Justice. Il a également travaillé dans l'administration de plusieurs prisons, dont celle de St. Gilles à Bruxelles. Préparez-vous à plonger dans le monde carcéral avec le premier épisode d'une mini-série qui décortique les méandres de cette réalité. (N.b.: Il ne s'agit pas d'une discussion officielle avec le SPF Justice. Karim Elkhmlichi s'exprime ici à titre personnel.)
-
Äddi a Merci #12 - Doud a Statistik 3/3
27/11/2023 Duração: 22minAss et banal, Worksheets iwwert di Verstuerwen z’erstellen? Wéi ginn di Leit vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé mat hirem Arbeschtsmaterial eens. Veränneren Zuelen an Zifferen den Rapport, deen een zu senger eegener Stierflechkeet huet? Lauschtert eran, fir et eraus ze fannen! Am Gespréich den Guy Weber, d’Claudia Bors, d’Jill Pütz an d’Stéphanie Saleh. Hei geet et zum Rapport vun 2021: https://sante.public.lu/fr/publications/s/statistiques-causes-de-deces-2021.html
-
Äddi a Merci #11 - Doud a Statistik 2/3
17/11/2023 Duração: 31minWat bedeit “mort de cause inconnue” oder “mort sans témoin”? Wat verstoppt sech hannert den diversen an zum Deel beonrouegenden Coden an Bezeeschnungen vun den Statistiken iwwert den Doud vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé verstoppt. Dat fannt der nëmme eraus, wann der eran lauschtert! Am Gespréich den Guy Weber, d’Claudia Bors, d’Jill Pütz an d’Stéphanie Saleh. Hei geet et zum Rapport vun 2021: https://sante.public.lu/fr/publications/s/statistiques-causes-de-deces-2021.html
-
Äddi a Merci #10 - Doud a Statistik 1/3
31/10/2023 Duração: 36minWann een stierft, kënnt een net nëmmen op der Kierfech, mee och an d’Statistik. An dëser Episod kucke mer, wat den Job vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé ass. Firwat sammelt si Statistiken iwwert di Doudeg? Wéi mécht se dat? A wat gëtt mat deenen Daten gemaach? Dat fannt der eraus, wann der eran lauschtert! Am Gespréich den Guy Weber, d’Claudia Bors, d’Jill Pütz an d’Stéphanie Saleh. Hei geet et zum Rapport vun 2021: https://sante.public.lu/fr/publications/s/statistiques-causes-de-deces-2021.html
-
Wahl-Campagne an Journalismus
15/09/2023 Duração: 38minStellt Iech fir, dier wäert Journalist a misst en Walkampf ofdecken. Wéi maacht der dat? Wéi eng Froen stellt der? Wiem stellt der se? Muss all Politiker di selwecht Froen gestallt kréien? Wéi verhënnert een, vun der Politik als Werbe-Plattform mëssbraucht ze ginn? Bref: Wéi leet een sech un, fir en Walkampf neutral an sachlech ze managen. Déi Froen diskutéieren ech mam Guy Weber, Informatiouns-Direkter bei RTL Lëtzebuerg.
-
Äddi a Merci #9 - Suizid a Präventioun
13/09/2023 Duração: 54minSuizid ass en Tabu-Thema. A genau dofir schwätze mer driwwer. Ween hëllt sech d'Liewen? Firwat? Wéi? Wat muss, kann oder soll een ënnerhuelen? Muss een iwwerhaapt? Wéi geet Suizid-Präventioun? A wat mécht dat mental oder emotional mat Léit, di an dem Beräich schaffen? Déi Froen stellen ech dem Dr. Fränz D'Onghia, dem Direkter vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale.