Speakeasy Podcast
- Autor: Vários
- Narrador: Vários
- Editora: Podcast
- Duração: 98:20:03
- Mais informações
Informações:
Sinopse
Podcast by Speakeasy
Episódios
-
Superjhemp - Design-Prinzipien
17/12/2018 Duração: 28minWei mécht een e Film? Wei eng Gedanken stiechen dohannert? A wei kritt een seng Ideeën am beschten op Pellicule bruecht? En Gespréich mam Réalisateur Félix Koch
-
Superjhemp - Konformismus?
17/11/2018 Duração: 23minMach wei d'Leit, da geet et der wei der Leit? Ass dat sou? An wei eng Roll spillt dee Satz am Superjhemp-Film? En Gespréich mam Félix Koch iwwert den déiweren Gedanken hannert sengem Film.
-
E Gespreich mam Zentrum fir politesch Bildung
12/09/2018 Duração: 22minNet nëmmen en Gespréich MAM Zentrum fir politesch Bildung, mee och AM Zentrum. Den ZPB kritt virgeworf, net neutral ze sinn, oder carrément en Propaganda-Instrument. Fir eraus ze fannen, wat dohannert stécht, an wat een sech ënner politescher Bildung virstellen kann, ware mer an den ZPB an hunn d'Saach emol ënnert d'Loup geholl. E Gespréich mam Marc Schoentgen an mam Romain Schroeder.
-
Ostheopathie - Typen an Risiken
24/07/2018 Duração: 14minHokus-Pokus, Pseudo-Medizin, oder einfach just brutal Massagen? Et gëtt villes iwwert Osthéopathie gesot, och dass et hëllefräich ass. Virun e puer Deeg ass en Gesetz ugeholl ginn, dat de Beruff vum Ostéopathe unerkennt...Wat stécht also hannert der Ostépathie? Zweeten Deel vun eisem Gespréich mam Claude.
-
Wat ass Osthéopathie?
24/07/2018 Duração: 16minHokus-Pokus, Pseudo-Medizin, oder einfach just brutal Massagen? Et gëtt villes iwwert Osthéopathie gesot, och dass et hëllefräich ass. Virun e puer Deeg ass en Gesetz ugeholl ginn, dat de Beruff vum Ostéopathe unerkennt...Wat stécht also hannert der Ostépathie? Éischten Deel vun eisem Gespréich mam Claude.
-
Kommunismus - Ass et dann elo eng Leisung?
17/06/2018 Duração: 13minVéierten an leschten Deel vun eiser Diskussioun iwwert Kommunismus. Mir diskutéieren déi initial Fro, op Kommunismus dann eng Alternativ fir en politikverdrossenen Bierger ass, deen sech net well missen mat der res publica auserneesetzen. Diskussiounspartner: Christophe Schmit
-
Kommunismus - kann et iwwerhaapt fonctionnéieren?
09/06/2018 Duração: 22minDeel 3 vun eiser Diskussioun iwwert Kommunismus. Nodeem mer gekuckt hunn, wat d' Theorie ass an iwwerflunn hunn, wei déi Theorie ëmgesat gouf, widmen mer eis der Fro, op et iwwerhaapt méiglech ass, dat kommunistesch Ideal an d'Praxis ëmzesetzen, oder ob déi Idee onrealistesch ass. Diskussiounspartner: Christophe Schmit
-
Kommunismus - Praxis
01/06/2018 Duração: 23minDeel 2 vun 4 aus eiser Rei iwwert Kommunismus. Des Kéier iwwerfléien déi verschidden konkret Ëmsetzungsversich vun den kommunisteschen Ideeën. Diskussiounspartner: Christophe Schmit. .
-
Kommunismus - Théorie
27/05/2018 Duração: 14minWat ass Kommunismus? Wei eng Ideeën an Konzepter verstoppen sech dohannert? Mir iwwerfléien déi wichtegst Gedanken an dësem éischten Deel aus enger Serie vun 4 Podcasts. Gespréichspartner: Christophe Schmit
-
D'Schëff vum Theseus an den Problem vun der duebeler Identitéit
05/05/2018 Duração: 15minAll Saach ass eppes...oder kann se net vläicht och méi wei eppes sinn. Oder kennen net vläicht verschidden Saachen dat selwecht sinn? Fannt et raus bei eiser Diskussioun vun "aneren" Problem zum Schëff vum Theseus. Diskussiounspartner: François Wirion
-
D’Schëff vum Theseus an den Problem vun der Identitéit
13/04/2018 Duração: 12minWat mëscht mech aus? Oder Iech? An wouhier weess ech, dass ech nach ëmmer ech sinn, och wann ech 10 Joer méi aal sinn wei ech virun 10 Joer war? Klengt abstrakt? Ass et och! D'Fro vun der Identitéit ass eng ganz aal, an mir ginn eis emol ukucken, wat dohannert stécht! Schiff ahoi! Diskussiounspartner: François Wirion
-
Doudesstrof - D'Argumenter
25/02/2018 Duração: 21minDéel 2 vun eiser Épisode zur Doudesstrof, an desem Déel kucke mer eis dei verschidden Argumenter pro a contra un, an diskuteieren, op et eng eendeiteg Positioun gett. Diskussiounpartner: De François Wirion
-
Doudesstroof - En kuerzen Iwerbleck
25/02/2018 Duração: 09mind'Doudesstrof - Déel 1 En kuerzen Iwerbleck iwert d'Geschicht vun der Doudesstrof an desem eischten Déel. D'Argumenter analyseieren mer an Déel 2. Diskussiounspartner haut: de François Wirion
-
Kilonova - kosmescht Gold!
25/12/2017 Duração: 27minDen leschten Podcast fir 2017 - an den 20. fir den Speakeasy! En Planéit aus Gold - ni méi schaffen goen! Wou, wei, wat? Eng Diskussioun doriwwer, wei mer erausfonnt hunn, dass et déi "Äerd aus Gold" gëtt, wou se ass, asw. Oder, méi seriö: Wat kenne mer aus enger Kilonova leieren! Diskussiounspartner: Den Robert
-
As Nationalsozialismus eng Alternative?
14/12/2017 Duração: 35minWielen goen? Sech fir Politik interesseieren? Biergerpflichten?Wahlprogrammer! Puh...ustrengend! Do muss een jo aus dem Canapé opstoen an d'Gehier anschalten! Mais et gëtt Alternativen, z.B. Totalitarismus. Dofir diskuteieren mer haut, op Nationalsozialismus net besser wär ewei eng libéral Démokratie. Fräiheet, Gläichheet a Verantwortung oder Diktatur, Faschismus an Krich? (opgepasst: Sarkasmus!) Diskussiounspartner: den Jacques
-
Eng Welt ouni Religioun?
09/10/2017 Duração: 35minNo eisem leschten Podcast iwwert Atheismus, haut eng Reflexioun doriwwer, wei eng Welt ouni Relioun géif ausgesinn. Dobäi diskutéiere mer och, ob dat iwwerhaapt méiglech wär (Relioun gëtt et a ville Formen, souguer ouni Gottheeten dran) oder wënschenswäert. Vill Spaass beim Lauschteren! Diskussiounspartner: De Franz
-
As Atheismus e Glawen?
23/09/2017 Duração: 20minDi eng mengen, Atheismus wär keng Form vun Glawen, well Atheisten eben NET un d'Existenz vu Gott gleewen. Di aner mengen, Atheismus wär wei all aneren Glawen, well Atheisten NET un d'Existenz vu Gott gleewen. Wat da lo? As eppes dohannert, oder handelt sech just em Wuertspillereien? Diskussiounspartner: De Franz
-
As Philosophie doud?
06/09/2017 Duração: 33minNo enger klenger Summerpaus - bumm - direkt déi grouss Fro: Wat soll Philosophie iwwerhaapt nach? Gett een dovun glécklech, räich, beléift oder schéin (d'Äntwert as natierlech selbstverständlech!)? Geet et och ouni? Eng kleng Diskussioun aus dem Krisemanagement-Center vum Speakeasy. Diskussiounspartner haut: Pascale
-
Prison fier de Batman?
22/07/2017 Duração: 49minEn hellt d'Gesetz a seng eegen Hänn, an kämpft (anscheinend) géint d'Kriminalitéit. Mais as hien wierklech een vun deenen Gudden? Gehéiert een, deen sou handelt, net hannert Gitteren? Gespreichspartner: de Max an de Franz
-
Ghostbusters - Si Fraen die besser Männer?
07/07/2017 Duração: 01h26minFirwat gëtt et ëmmer mei Film-Remakes, an deenen déi männlech Personnagen duerch weiblecher ersat ginn? Zeitgeist? Feminismus? Opportunismus? Eng Diskussioun zu där Fro, an nach vill aneren Saachen. Gespréichspartner: Félix Koch Fier weider Infoe iwwert den Félix oder den Superjhemp-Film: www.feko.net Dem Félix säin Podcast: www.podcasts.com/living-the-dream…enale-podcast-35